Table-ronde

Europa – wat en Theater

Table ronde mat Lëtzebuerger Theaterauteuren

Den 18. November 2018 huet den éisträichesche Schrëftsteller Robert Menasse, d'Ulrike Guérot an de Milo Rau mat aneren Intellektuelle vun der Bühn d'europäesch Republik ausgeruff. An hirem Manifest heescht et: »D’Europa vun den Nationalstaaten ass gescheitert. D’Iddi vum europäeschen Eenegungsprozess gouf verroden. Mënschen ze eenen an net d‘Staaten ze integréieren.«

Och zu Lëtzebuerg participéieren d'Schrëftsteller um Debat iwwer Europa an d'Mënscherechter, si kritiséieren de Neoliberalismus an de koloniale Pouvoir vun Europa. An Essaien, Interviewen an Theaterstécker schwätzen si vun an iwwer Europa. Elo schwätze mir mat hinnen: Larisa Faber, Guy Helminger a Rafael David ënnerhalen sech mam Claude D. Conter iwwert d'Verhältnis vun Theater a Politik, iwwert hir Kontinentaldiagnos an iwwert Europawalen am Mee.

Aktualiséiert