
No senger Zäit als bekannte Solo-Kabarettist huet de Mars Klein 2012 nees mam Claude Mangen a Rudi Schubert gespillt. 2016 kënnt en nächste Spektakel mam Véronique Kinnen, Sabine Rossbach a Rudi Schubert.
Den Ensembel huet elo en CD erausginn mat Texter vum Mars, déi de Rudi komponéiert huet.
Op enger klenger Tournée ginn als Café-Cabaret [beim gudde Patt] humoristesch a satiresch Lidder an Texter doraus virgedroen.
Piano a Gesank: Rudi Schubert. Et schwätzen: Sabine Rossbach / Mars Klein.
Den Entrée kascht näischt.
KMKkabarettmarsklein
