Soirée de commémoration

»Der Tod ist ein weißes Blatt«

Gedenkfeier fir de Georges Hausemer

De Georges Hausemer huet d‘Welt op Lëtzebuerg bruecht a Lëtzebuerg eraus an d’Welt gedroen. Den 13. August ass hien op seng lescht Rees gaangen. Dësen Owend erënneren de Guy & den Nico Helminger, de Gollo Steffen an de Claude D. Conter mat Iech un de Schrëftstellerkolleg, Iwwersetzer an Editeur.

Temoignagen an Erënnerungen un de Frënn, Perspektiven op säi räicht Wierk a Liesungen aus senge Bicher erwaarden Iech a mir erënneren zesummen un deen, deen de Literaturbetrib an déi literaresch Entwécklung an de leschte 40 Joer markéiert a begleet huet.

De Verlag capybarabooks an d’Ekipp vum Literaturarchiv invitéieren Iech op deen Owend, deen sech de Georges Hausemer am Literaturarchiv gewënscht huet. Den Cellist André Mergenthaler spillt Iwwerraschendes.

Dir musst Iech net umellen.

Dernière mise à jour