Conférence

Sproochgesellschaften zu Lëtzebuerg (1845-1940)

Sprochgesellschaften400Déi lëtzebuergesch Sproochgeschichtsschreiwung kann een zum engen iwwert déi individuell Fuerscher erzielen, déi iwwert d’Jore wichteg Bäiträg fir d’Fuerschung geliwwert hunn an zu aneren iwwert déi Associatiounen an deenen si sech mat Gläichgesënnten ausgetosch hunn an zesumme fir d’Valoriséierung vun der Sprooch geschafft hunn. An där éischter Online-Ausstellung vum CNL gi fënnef Gesellschaften a Veräiner virgestallt, déi sech all op hir eege Manéier mat der Sprooch ausernaner gesat hunn.

Um Ufank steet den Institut Grand-ducal a säi Virgänger d’Société archéologique. Hiren Interessi gëllt niewent der Geschicht vum Land och den Dialekter vun den Awunner an si ënnerstëtzen an deem Kader fréi sproochwëssenschaftlech Versich wéi dem Jean-François Gangler säi Lexicon der Luxemburger Umgangssprache oder dem Peter Klein säin Die Sprache der Luxemburger.

Um Enn vum 19. Joerhonnert gëtt de Veräin Ons Hémecht gegrënnt, deen sech besonnesch dofir asetzt, datt d’Lëtzebuergescht eng offiziell Orthographe kréie soll. Aus dem Veräin senge Beméiunge geet déi éischten Dictionnaireskommissioun ervir, déi um Ursprong vum Wörterbuch der luxemburgischen Mundart vun 1906 steet.

Am fréien 20. Joerhonnert gëtt d’Beschäftegung mat der Sprooch duerch d’Nationalunio’n politiséiert an se kritt een nationalisteschen Ënnertoun. De Veräin encouragéiert awer gläichzäiteg vill jonk Schrëftsteller a spillt eng Roll bei der Entwécklung vun der lëtzebuergesch-sproocheger Literatur.

An der Tëschekrichszäit hunn sech d’Gemidder nees souwäit berouegt, datt eng wëssenschaftlech fundéiert Lëtzebuerger Sproochfuerschung entstoe kann. D’Luxemburger Sprachgesellschaft setzt sech déi enorm Aufgab fir all déi bestoend Aarbechten zesummenzeféieren. Hire Projet vun engem wëssenschaftleche Wierderbuch vum Lëtzebuergesche wäert schliisslech iwwer 50 Joer daueren.

Den Ofschloss mécht de Veräin D’Hémechtssprôch, deen sech als éischte Schrëftstellerverband vun de lëtzebuergesch-schreiwenden Auteure gesinn huet. En huet sech fir déi offiziell Unerkennung vum Lëtzebuergeschen als Landessprooch agesat an domat de Grondsteen vun engem alldeegleche schrëftleche Gebrauch vum Lëtzebuergesche geluecht.

An där éischter Online-Ausstellung vum CNL stellt de Claude Kremer fënnef Gesellschaften a Veräiner vir, déi sech all op hir eege Manéier mat der Sprooch ausernaner gesat hunn.

  • Mis à jour le 19-09-2018