»Déi verkleet Literatur«

Kleines ABC der Pseudonyme Luxemburgs

pseudonymeWien ass de Sirius? Wie verstoppt sech hannert Tania Naskandy, A. Béjo, Erasmus, Tom Palmer oder Loup? Wien hat de Bok vum Retlew, vum Nico Valentin, vum Léopoldine oder vum John Montana op?

D‘Konferenz, grad wéi d‘Buch Das Kleine ABC der Pseudonyme in Luxemburg, dat elo grad erauskoum, beschäftegt sech am Fong mat der Fro, wat e Pseudonym ass a firwat en Auteur oder eng Schrëftstellerin net mat hirem richtegen Numm wëllen optrieden. Mir weisen als Resultat vun enger Recherche iwwert eng Rëtsch Joren, déi alt eppes vun Detektivaarbecht hat, vill, awer beileiwen net all Pseudonymmer vu Lëtzebuerg an erklären wéi a wou se gebraucht goufen a wou se hierkommen. Erzielt gi Geschichte ronderëm Auteuren a Pseudonymmer, ronderëm Gespills mat Nimm, Masken a Sproochen, awer och  Dueller mat Frënn an Konkurrenten, déi och schreiwen.

Et goung net drëm, als Voyeur méiglechst vill Pseudonymmer opzedecken, mee ze verstoen, firwat hei am Land esou dacks ënnert engem falschen Numm geschriwwe gouf.

  • Mis à jour le 30-05-2018