Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge

Liesung a Gespréich mam Nico Helminger

NicoHelminger_cover400
NicoHelmingeriAlles kritt de Menn Malkowitsch, de Mann an der Loge, net mat vun deem wat virgeet an dem grousse Komplex, wou hie schafft ; villes awer kënnt him gelunge vir, schéint net sou ganz an der Rei ze sinn. Hie passt op, notéiert, wien eran- an erausgeet an och nach e puer aner Saachen. Wat ass Fassad, wat Illusioun? Ginn et nach reell Mënschen, éierlecher, oder ass alles just Schauspill, e Branding fir déi eege Perséinlechkeet?

D’Grenze sinn net méi kloer definéierbar a ginn ëmmer méi flou. Dat muss och de Menn Malkowitsch erkennen, deen eis an dësem Roman – oder dësen Erzielungen, jee no Brand – an d’Welt féiert vun engem Workaholic, deen eigentlech kee wëll sinn, engem Familljepapp, deen hien net méi ass, engem grousse Museker, deen e mol wollt ginn – engem Mënsch, dee villes erlieft huet, dee vill Fassaden opgebaut huet, hannert deenen e sech verkraucht an déi ëmmer méi bréckelen ...

 

Wien ass den Auteur vun dësem Buch ? Den Helminger, deen och Deel vun der Geschicht ass oder awer de Malkowitsch selwer ? Mat Eng kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge stellt e Schrëftsteller alles a Fro, spillt mat Zitater, parodéiert bekannt Auteuren, hannerfreet de Sënn an d’Existenz vun de Mënschen, vun der Literatur, der Kultur an allem wat mer mengen ze kennen. Näischt schéngt wéi et ass an näischt ass, wéi et schéngt. De Nico Helminger stellt säi neit Buch am Gespréich mam Claude D. Conter vir.

 

Auszuch: Ech stelle mech hinnen an de Wee a soen: Där sidd all Aaschlächer! Näischt geschitt. Si gi laanscht wéi an engem Film, an deen ech net erakommen. Beuechte mech net, gesi mech net. Sinn all mat sech selwer bechäftegt, mam Bild, dat se vu sech verkafen. Jidderee seng eege Mark. Keng Wierklechkeet méi, nëmmen nach Duerstellung. An ech schaffe mat un deem verlouderten, verlugenen Zäitgeescht, loosse mech fir meng Brandzeeche gutt bezuelen a sinn dofir ugesinn. Nëmmen dofir. Awer dat sinn ech jo guer net. Ech sinn dee Verréckten, de sech Froe stellt an der Strooss an deen elo viru sengem Frigo steet a flucht. Am Frigo sëtzt den James Bedford a waart déifgefruer op d’éiwegt Liewen.

An Zusammenaarbecht mat Editions Binsfeld

  • Mis à jour le 23-11-2017