« Ge - DICKS »

dentheater.lu

En historeschen Ausfluch an d’Liewe vun eisem Nationaldichter, dem Dicks, zesummegesat 1991 vum Josy BRAUN.

E flotte Programm, lëschteg opbereet vum Claude FRITZ an dem Paul DAHM, mat ville bekannte Lidder aus sengen Operetten an enger Rei vu senge flottste Gedichter, an dat zur Geleeënheet vum 125ten Doudesdag (2016) vun eisem Nationaldichter Edmond de la Fontaine.


Et spillen a sangen : Danielle WENNER, Pierre BODRY, Claude FRITZ, Marcel HAMILIUS a Gérard HEINEN.
Regie : Claude FRITZ
Um Piano : Paul DAHM

DENTHEATER.LU freet sech drop sengem Publikum dem Josy BRAUN säi Programm an enger adaptéierter Form op eng sprëtzeg an amusant Manéier kënne virzestellen.


De Schrëftsteller Josy BRAUN, e groussen DICKS-Kenner, hat ugangs den 90er Joren e Programm zesummegestallt iwwert den Dicks, mat deem hien deemols mam Danielle WENNER, dem Venant AREND an dem Robert LAMBORAY op bal drësseg Plazen am Land mat groussem Succès opgetrueden ass.

Dernière mise à jour