"Sorry fir deen Duercherneen!"

2016 ënner d'satiresch Lupp geholl. Mam Jules Arpetti a Jhemp Hoscheit

   Et ass eng ofwiesslungsräich, kabarettistesch Liesung iwwert dat, wat 2016 national an international geschitt ass. De Jhemp Hoscheit – zesumme mam Jules Arpetti – maachen e polit-satiresche Réckbléck, eng Chronik iwwert d'Aktualitéit vum vergaangene Joer mat bëssegen, kriteschen a wuertwitzege Commentären. Et ass eng Liesung wéi aus engem Roman. Aus engem Goss. Et ass awer keng Fiktioun, mee d'Realitéit. Mount fir Mount. An och wann d'Aktualitéit net ëmmer lëschteg war, gëtt se mat Humor an Ironie op d'Schëpp geholl.

   De Jhemp Hoscheit, deen Enn vun den 80er Jore mam Jemp Schuster als J(h)emp2 opgetratt ass, an de leschte Jore mat senge Romaner mam Jules Arpetti op véier Liestournéë war a fir déi lescht véier Cabarenert-Programmer matgeschriwwen huet, huet elo fir d'éischt e ganze Cabaretprogramm geschriwwen, deen op d'Tournée wäert goen.

   Dee satiresche Spaass gëtt mat musikaleschen Intermezzi vum Jules Arpetti opgelackert.

Dernière mise à jour