Heemelmaus

hemelmausD’Heemelmaus ass eng Bronzefigur mat den Dimensiounen : H : 13,5 cm, L : 6,5 cm a mam agravéierten Text : Eechternoacher Heemelmaous 100 Joer. Um Fong vum Sockel steet d’Nummer : 504/1000 SCH. Dës Figur ass e Produit vun der Iechternacher Carnevalsgesellschaft déi d’Figurinen géisse gelooss huet zum 100. Gebuertsdag vum Heemelmaous-Lidd. D’Figur stellt eng Heemelmaus duer déi op Jummdeckele spillt a gouf am Dezember 2012 vum CNL bei engem Antiquaire kaaft.

Eng Heemelmaus ass eng Hausgrill, en Insekt aus der Famill vun de Grillen déi a ganz Europa verbreet sinn. (Lat. : Acheta domesticus, D. : Hausgrille, F. : grillon domestique). An der Iechternacher Géigend spillt d’Heemelmaus duerch d’Heemelmaus-Lidd eng Roll am regionale Folklor.

D’Hämelmaous-Léid

D’Heemelmaus-lidd (Hämelmaous-Léid) ass e bekanntent Fueslidd am Iechternacher Dialekt dat och haut nach gesonge gëtt. Eng éischt Versioun (3 Strophen) ass 1873 vum Professer Joseph Speck geschriwwen an den 13. Februar 1873 virgedroe ginn an der Generalversammlung vun der Eechternacher Carnevalsgesellschaft Hämelmóus. De 16. Februar 1873 gouf den Text am Echternacher Anzeiger publizéiert. D’Lidd schwetzt vun enger Grill déi onbeschwéiert lieft an d’Suergen vum Vollek net kennt. Et geet z.B. ëm d’Präisdeierecht vun de Wueren, ëm eng nei agefouert Ausgangsspäer, déi de Leit et verbidd ze feieren, souwéi och ëm d’Kappgeld, eng Taxx vun zwee Frang, déi d’Leit bezuele mussen. D’Lidd gëtt gesongen op d’Melodie vu Schier dreißig Jahre bist du alt, a gouf wéint Beleidegung vun der Iechternacher Gendarmerie ugangs verbueden, dunn an engem Neidrock 1884 ëmgeschriwwen. Et ass eng schaarf Institutiounskritik vun der sozialpolitescher Realitéit aus den 1870er Joren. D’Fueslidd hëlt d’Gendarmerie an och d’Politiker op d’Schëpp. Déi ugeprangert Mesuren woren bei dem Vollek onbeléift an d’Lidd, an deem déi sozialhistoresch Situatioun ironiséiert gëtt, erlaabt duerch d’Laachen an de Plëséier eng Befreiung (Katharsis) vun den Alldagssuergen. An der zweeter Versioun (1884) sinn déi zwou éischt Strophen bäibehale ginn an et kommen neier dabäi.


Hämelmôuslied (1873)

  1. O Hämelmôus, wi läfst dôu dô,
    Esu ongeschôren em d'Hôhl;
    Wäs neïst fo Kôapgéld a fo Steieren,
    Wi d'Schêpschen, Fläsch an Tubak sich verdeïeren,
    Wäs neïst fon éiser Polizaï.
  2. D'sef Rên, d'sef Schni, d'sef Dâg, d'sef Nôacht,
    Dat ass dir alles Worscht;
    Dôu gä's am Summer 'wi am Wanter,
    Esu ganz pommadisch ône Lanter,
    Spazéren mat dem Hämelsgôt.
  3. O Hämelmôus, 'wi kuks dôu dô,
    Oûs dem Bâkôwen dô;
    Wäs neïst fon Orbécht a fu Feieren,
    Wi d'Brut, Kûch an Tôrten sech verfeineren,
    Wäs neïst fon éïser Déïverei.

JSpeck

De Joseph Speck, Auteur vum Heemelmaus-lidd, ass gebuer den 13.09.1834 zu Iechternach a gestuerwen den 04.01.1901 zu Tréier. No senger Première am Stater Kolléisch studéiert hien Germanistik an Altphilologie zu Bonn a Louvain. Hien enseignéiert ab 1857 Däitsch a Grichesch am Stater Kolléisch, an no 1863 zu Iechternach an der École industrielle et moyenne. Tëscht 1866 an 1876 war en am Gemengerot zu Iechternach. 1878 bis 1899 goung en an de Stater Kolléisch zréck. Hien huet historesch Traitéë geschriwwen iwwert d’Stad an d’ Abtei Iechternach an och pedagogesch Schrëften. D’Lokalsatir Hämelmaoûs huet en 1873 geschriwween.


Jacques Steffen (CNL)

Haut de page


  • Mis à jour le 01-09-2013